Zesumme mat senge Verwaltungen (ASM, CGPO, CGID, INAP an SNSFP) verfollegt de Ministère fir d'Fonction publique (MFP) d'Zil eng attraktiv an exemplaresch Fonction publique ze fërderen, déi aus effizienten, dynameschen a motivéierten Agente besteet, déi et erméiglechen e qualitativen, innovativen an effiziente Service unzebidden.
De Ministère fir d'Fonction publique huet als Missiounen:
- Eng effikass Gestioun vun den Agenten am ëffentlechen Déngscht ze ënnerstëtzen;
- Eng organisatoresch Maturitéit am ëffentlechen Déngscht ze promovéieren;
- An de Ressources humaines an an der Organisatioun, Methoden auszeschaffen, bei deenen de Client am Mëttelpunkt ass;
- Ee gesetzleche Kader festzeleeën, deen den Ufuerderunge vun engem kompetenten an attraktiven ëffentlechen Déngscht entsprécht.
D'Attributioune vum Ministère fir d'Fonction publique sinn am groussherzoglechen Arrêté iwwer d’Zesummesetzung vun de Ministèren definéiert.