François Biltgen, ministre de la Fonction publique et de la Réforme administrative, au sujet des discussions relatives à la politique salariale dans la Fonction publique

Et geet ëm déi eigentlech Gehälterdiskussiounen, also ëm d’Paien, an ëm d’Gehälterrevisioun, deemno ëm d’Strukturen an de Prinzip wéi d’Carrièrenavancementer solle reorganiséiert ginn. Dofir ass de Ressortminister François Biltgen bei eis. Gudde Mëtteg, Här Biltgen.

François Biltgen: Gudde Mëtteg, Här Sinner.

Roby Sinner: François Biltgen, 59 Deputéiert si fir eng Nullronn bei de Gehälter an der ëffentlecher Fonctioun. 2007 ass aus enger Nullronn e Plus vun 0,9% ginn. Dierfe mir eis och déi Kéier dorop ariichten, datt d’Regierung an d’Koalitioun dem Drock nawell noginn?

François Biltgen: Déi Aussoen elo waren extrem wichteg, well dat gouf et virdrun net, datt gesot ginn ass, mir verstinn, datt een eng Nullronn mécht.

Wann een natierlech verhandelt, da verhandelt een. Et verhandelt een iwwer de Punktwäert. Ech soen, de Punkt soll net elo eropgehuewe ginn, wou jiddwereen dat och esou gesinn huet wéi de Premier dat gesinn huet an der Chamber.

Bei déi Gehälterverhandlunge vum Staat, ass et awer esou, datt nach all Kéier an engem Accord salarial och Saache gekuckt gi sinn, déi méi indirekt eppes mat Gehälter ze dinn haten, respektiv déi eppes mam Statut ze dinn haten.

An dann ass nach eng wichteg Fro. E Gehälteraccord mécht een op 1 Joer, 2 Joer, méi Joeren - do gouf et déi verschiddenst Experienzen an der Vergaangenheet. Et ass also eppes, wat een negociéiert, woubäi awer d’CGFP kloer weess, datt dat net nëmmen eng Regierungspropos ass fir ze soen, a Krisenzäite solle mir eng Nullronn maachen, mä datt et och eng ass, déi vun de politesche Parteien an der Chamber matgedroe gëtt.

Mä dat gesot, solle mir eis zréck un den Dësch sëtzen, wéi dat och virgesi war, iwwer deen do Gehälteraccord deen ofgelaf ass am Dezember 2009, wéi et och an der Vergaangenheet üblech war, mat der nationaler repräsentativer Gewerkschaft fir den ëffentleche Statut, der CGFP ze verhandelen.

Roby Sinner: Dat heescht, Dir gesidd déi zwou Saache scho kombinéiert am Beschten? Oder ass dat just eng vun de Méiglechkeeten?

François Biltgen: Et ass jo elo vill beienee komm. Engersäits d’Tripartite: d’Octavie Modert an ech, mir hunn ëmmer als Ressortministere gesot, wéi d’CGFP gesot huet, komm mir loossen dat wat spezifesch Fonction publique ass aus der Tripartite eraus, datt dat och richteg ass, datt een dat mécht.

Natierlech sinn zwee Voleten. Dat eent ass Gehälteraccord, mat virun allem dem Punktwäert, a mat enger Partie anere Saachen, wou d’CGFP Iddien huet, an dann d’Gehälterrevisioun. Do si Saachen déi sech iwwerschneiden. An dofir soll een och wa méiglech och gläichzäiteg dovu schwätzen. Allerdéngs bei der Gehälterrevisioun huet d’CGFP gesot, si wéilt net iwwer dee Pak mat eis verhandelen, dee mir wollte mat hinne verhandelen.

Roby Sinner: Mir bleiwen nach eng Sekonn bei de Paien dann. Dir hutt de Fuerderungskatalog vun der CGFP virleien. Wat steet dann do dran? A wéi eng Richtung ginn déi Doléancen?

François Biltgen: Dat ass esou, datt et do en Accord gëtt tëscht CGFP a Regierung, datt mir net iwwer dat kommuniquéiere wat si soen. Esou war dat an der Vergaangenheet, an ech mengen, datt ee sech och doru soll halen. Verhandlunge ginn oft hefteg, an dofir brauch een Zäit a Rou, an d’Zäite waren och schonn déi lescht Zäit net grad esou roueg, esou datt mir hoffen, datt mir elo erëm a méi rouegt Fahrwasser kommen. Dofir wäerte mir dat net kommentéieren.

Roby Sinner: En aneren Dossier dann, wou d’CGFP wéi gesot e kloeren Nee gesot huet, dat ass d’Gehälterrevisioun. Eng 60 Punkten, Proposë vun Iech leien do vir. Déi zwee wichtegst Punkte vläicht: d’Ufanksgehälter an nei Regele fir d’Avancementer, wou d’Leeschtung an d’Responsabilitéit vum Beamte spille soll. Also ewech am Fong vum System vun 1963, Passage-Première-Uni?

François Biltgen: Jo. Wa mir kucken, 1963 ware mir am industriellen Zäitalter, wou een och iwwerhaapt um Aarbechtsmaart déi meescht Leit gebraucht huet, déi iwwerhaapt näischt geléiert haten. Beim Staat konnt ee mat Aganksdiplomer Kompetenze festleeën, déi ee säi Liewe laang gebraucht huet, déi nach richteg waren: de Passageexamen, de Premièresexamen, fir eng ganz kleng Spëtz uewen déi en Unisdiplom hat.

Haut fonctionnéiert dat net méi esou. Dee System, datt een haut direkt vun der Schoul bei de Staat kënnt an dann eng Carrière mécht, eng Carrière awer relativ hierarchesch, just no Anciennetéit, dat geet net méi haut, wou een dauernd muss, zum Beispill, Life long learning maachen. Ee Punkt, dee mir jo wëllen op den Dësch leeën, dat ass fir d’Carrièren ze decloisonéieren. Et gi gutt Leit an der Expeditionnairescarrière, an der Redakteschcarrière déi Aarbechte maachen a kënnen, déi anerer och kënne maachen.

D’Carrière ouverte ass ganz komplizéiert. Mir wëllen och de Leit d’Méiglechkeet ginn Diplomer nozemaachen, an deem mir Aarbechtszäitkonten aféieren, an deem mir Dispenses de service ginn. Mir wëllen also déi ganz Gehälterstruktur der post-industrieller Zäit upassen.

Zwee vun deenen Elementer sinn dofir och Ufanksgehälter, déi aus enger ganzer Partie vun historesche Grënn par rapport zum Privatsecteur zum Deel ganz, ganz héich leien. Fir déi unzepassen un de Privatsecteur, ouni awer ënner deen ze goen, mä dat net ze maache wéi d’Patronat et gären hätt, fir einfach elo just dat ze kierzen, mä fir dat an engem Gesamtmouvement vun enger Reform ze maachen.

Dat selwecht zielt och fir Leeschtung a Verantwortung. Wann ee seet, mir komme gär ewech vun dem automateschen Avancement, wat awer, mengen ech, wichteg ass, da kann een natierlech näischt maachen. Mä da besteet d’Gefor, datt et à la tête du client geet.

Wat mir op den Dësch wëlle leeën, a wou mir vill dru geschafft hunn, dat ass e System vu Leeschtungsappréciatioun, deen ausgeklügelt ass, deen demokratesch ass, deen novollzéibar ass, deen aklobar ass, wou d’Ministeren iwwerhaapt keng Roll solle spillen, fir iwwerhaapt net hei politesch Influenzen eranzebréngen.

Et ass natierlech schlecht, wann de Partner seet, ier mir iwwerhaapt emol konnten eis Iddien erklären, mir wëllen net iwwer e Leeschtungsprinzip diskutéieren. Hir Ängscht, nämlech datt et géif à la carte goen, a virun allem à la carte politique goen, déi deele mir och. Mä mir géifen hinnen dofir gären erklären, datt mir e System hunn, wou dat do ausgeschalt gëtt.

Roby Sinner: Autoevaluatioun, duerno den hierarchesche Chef, an dann an eng Kommissioun, an dann d’Méiglechkeet fir nach e Recours ze huelen. Fäert Dir do net e bësselchen, datt do eng Ruée kënnt vu juristeschen Douten?

François Biltgen: Mir hu Systemer och am Ausland nogekuckt, mir hu se och am Privatsecteur nogekuckt, et gi gutt a schlecht Systemer. Wësst Dir, ech kennen als Aarbechtsminister ganz vill schlecht Systemer aus dem Privatsecteur. Do ginn et ganz vill schlecht Systemer, wou et just vun uewen no ënne geet, a wou just gekuckt gëtt, datt deen deen uewen ass, datt deem näischt geschitt.

Et ginn awer och gutt Systemer. Et ginn och am Ausland gutt Systemer, an ech mengen iwwer déi wier et der Méi wäert dat ze diskutéieren, wou mir ebe kënnen d’Qualitéit vun der Aarbecht, d’perséinlech Valeur, awer virun allem och d’perséinlech Objektiver consideréieren. Mir gesinn déi Appreciatiounsprozedur am Kader vun de Gestion par objectif. Dat heescht, et geet elo net duer einfach ze soen, du méchs vill oder du méchs net vill, mä ze soen, wat ass dat wat s du dir virstells, a mir eis zesumme virstellen, wat s du solls leeschten. An och dat soll herno gepréift ginn.

Roby Sinner: Dir hat déi lescht Woch an der Chamber gesot, d’Ufanksgehalt vun engem Universitaire 5.563 Euro. Wier et net vläicht besser am Ufank d’Gehälter ze loossen, mä zum Schluss e bësse méi lues ze maachen? Well et ass jo am Ufank, gëtt ëmmer gesot, wou d’Leit hir Sue brauchen. Oder spillt do déi Konkurrenz mam Privatsecteur?

François Biltgen: Fréier war et esou, datt de Staat, dat war 1963 de Fall bis an d’1980er Joeren, Konkurrenz hat am Privatsecteur, an dofir war dat eng Ursaach, datt d’Ufanksgehälter eropgehuewe goufen. Allerdéngs war et och esou, datt et déi Zäit en anere Pensiounssystem gouf, esou datt all Kéier wann dat lescht Gehalt eropgehuewe gouf, de Pensionär och eppes krut, an dofir war d’Regierung déi Zäit mat der CGFP eens fir ze soen, komm mir setze léiwer ënnen eppes bäi, net uewen.

Elo ass et allerdéngs esou, datt déi Carrièrë beim Staat zwar ganz gutt ufänken, awer och ganz séier zum Schluss kommen. An dofir ass dat och een Element iwwer dat een awer soll nodenken, an et kënnt awer och dobäi, datt wann ee soll bei de Staat schaffe goen, een net soll just goen, well d’Ufanksgehälter esou vill méi héich si wéi am Privatsecteur. Et muss een eng ganz Carrière kucken, eng ganz Ausbildung kucken. Et ass jo dofir, wou mir och wëllen e bessere Stage maache fir d’Leit besser auszebilden.

Wat mir net wëllen, dat ass elo op eemol ze soen, mir gi massiv mat den Ufanksgehälter erof, a mir leien ënner dem Privatsecteur. Mä et muss een awer och do eng Upassung maachen, an eng Upassung zielt jo eréischt fir d’Zukunft.

Et muss een och wëssen, ech soen dat och als Héichschoulminister, dofir hu mir jo e System virgeschloe fir an Zukunft d’Iwwerverschëldung vun eise Studenten ze verhënneren an hinne méi Boursen ze ginn, datt et, ofgesi vum Lëtzebuerger Staat, a ganz Europa d’Ufanksgehälter net méi esou héich si wann ee vun der Schoul kënnt, well en Universitéitsdiplom haut eppes Normales ass. Dat hëlleft engem Carrière ze maachen, mä et mécht een d’Carrière net direkt am éischte Joer.

Roby Sinner: A wann um Enn alle Stricke reissen, sidd Dir prett fir da mam Parlament deen ee Wee ze goen, och géint syndikalistesch Aktiounen?

François Biltgen: Fir d’éischt solle mir emol de Verhandlungen eng Chance ginn.

Ech war ganz frou, well gerätselt gouf ob d’Koalitioun hei géif zesummestoen, datt de Lucien Lux awer däitlech gesot huet, datt et en interessante Pabeier wier, wat d’Regierung do wéilt negociéieren, an datt et scho gutt wier, wann een et géif negociéieren.

Wësst Dir, mir kënnen natierlech och elo konkret Proposë maachen an déi an der Chamber diskutéieren. Ech mengen, och am Interesse vun der Fonction publique wier et besser, d’CGFP géif sech och mat all deene Punkten mat eis un den Dësch sëtzen. Et kënnt doutsécher méi eppes Ausgewogenes, an eppes Equilibréiertes eraus, wann een dat kann an Negociatiounë maachen.

Roby Sinner: Sidd Dir optimistesch?

François Biltgen: Deen Dag wou ech net méi optimistesch sinn, halen ech op mat der Politik.

Roby Sinner: François Biltgen, Merci fir d’Gespréich.

Dernière mise à jour