François Biltgen, invité de l'émission "Background-am Gespréich", au sujet des réformes dans la Fonction publique

Guy Kaiser: Dir waart viru Méint fir e klengen Agrëff an d'Klinik komm, glécklecherweis näischt Béisaarteges. Trotzdem hat Dir Iech eng kleng Auszeit vun e puer Woche gefrot. Elo sidd Dir nees am polietsche Geschäft dran. Sidd Dir gutt erholl?

François Biltgen: Et ass richteg, ech hu bis den 9. August an der Chamber geschafft um anti-Wäisswäsch-Gesetz. An den 9. Owes, wéi ech endlech fäerdeg war, hunn ech stënterlech missten d'hallef Schilddrüs ewech geholl kréien. Den 28. August ass dat Gesetz erëm weider gaangen, ech konnt mech net richteg erhuelen.

Ech hunn, ech soen dat direkt, kee Kriibs gehat, Gott sei Dank, dës Kéier net méi, mä ech war extrem midd. Ech hunn elo gerascht, ech hunn de Kapp erëm fräi. Natierlech muss ech mech schounen. Et wäert ee mech och an Zukunft nëmmen do gesi wou ech wierklech muss optrieden. Well ech brauch vill Energie fir all déi Reformen an der Justiz a besonnesch déi nächst Wochen a Méint, am Mäerz-Abrëll, wäert ech mir ganz vill Zäit musse selwer huelen, zesumme mam Octavie Modert, fir eng ganz Partie vun Associatiounen ze gesinn aus der Fonction publique, fir ze dialogéieren, well mir wëllen nach ëmmer dialogéieren.

Guy Kaiser: Dir braucht op alle Fall e laangen Otem, well d'CGFP ass net frou mat Ärem Projet. Si seet, Dir hätt d'Dir geklakt an Dir sot da just de Contraire. Dat gesi mir dann am Laf vun der Emissioun.

De Generalsekretär vun der CGFP, de Romain Wolff war de leschte Méinden bei eis Invité an hie sot ënner anerem dat heiten.

Romain Wolff (O-Toun): Mir hu ganz vill Fachorganisatiounen an och Ënnerorganisatiounen déi och Demandë gemaach hu fir vun den zoustännege Ministere gehéiert ze ginn. An am Moment ass et awer sou, datt déi Ministeren dat einfach net maachen. Déi doten Organisatioune si jo zoustänneg fir déi sektoriell Fuerderungen a si ginn am Moment iwwerhaapt net gehéiert.

Guy Kaiser: Si ginn net gehéiert, seet den Här Wolff. Dir loosst also an esou engem wichtegen Dossier net Transparenz spillen?

François Biltgen: Mir wëllen Transparenz spille loossen, a wann den Här Wolff seet, mir solle se héieren, geet dat eis eigentlech net duer.

Déi Ënnerorganisatiounen hu Revendikatiounen. Do goufe se gehéiert vun eisem Vir-Virgänger, dem Här Schaack. An och an der Gehälter-Etude, déi déi virecht Regierung gemaach huet, goufe se gehéiert, wat d'Revendikatioune sinn.

Nun ass et elo esou, datt mir eng Gesamtreform maachen, wou déi eenzel Carrièren nëmmen ze kucke sinn an engem gesamte Pak. Dofir hate mir mat der CGFP gesot, da kucke mir mat Iech ze verhandelen iwwer déi grouss Eckwäerter. D‘Bewäertung kënnt ëmmer erëm, mir wäerte jo nach am Laf vum Mëtteg dorop zréck kommen. Et kann een net einfach just zum Beispill eng Bachelor-Carrière aféieren, tëscht dem [inaudible] Redakter ouni seriös iwwer d‘Carrière ouverte ze schwätzen, da komme mir erëm an d'Bewäertung eran. Mir gesinn dat als e Ganzt

Mir haten zu der CGFP gesot, mir verhandele mat iech a wa mir eens si maache mir am Januar mat iech e Projet de loi, a parallel gesi mir eenzel all Ënnerorganisatiounen. Mir haten d'Ënnerorganisatioune gesinn, zesummen. Dat wollte se net. Du si se opgestanen a si si gaangen a soten, mir wëllen net zesumme mat iech diskutéieren mir wëllen eenzel mat iech diskutéieren.

Guy Kaiser: Wéi grouss ass dann esou eng Delegatioun vun der CGFP, wa se bei Iech laanscht kënnt?

François Biltgen: D'CGFP als Gewerkschaft, dat ass déi eenzeg national representativ Gewerkschaft fir den ëffentleche Statut, déi sinn zum Deel zu 2, zum Deel zu 4 oder 5 bei eis komm. Do soen ech och, mir sinn ni bis elo un d'Basis eru komm, well och an deem 27. Oktober dunn d'Basis opgestanen ass a gesot huet, mir wëllen dat net esou.

Wéi gi mir elo weider? Mir wëllen an Zukunft Transparenz an Dialog féieren. Mir mussen elo emol endlech soe wat mir wierklech wëllen. Mir si jo net eens ginn, mir hate jo och nach kee Projet um Dësch leien. Ech stelle fest, datt iwwerall Manifestatioune gemaach gi géint e Projet deen et net gëtt. Mir mussen elo an der zweeter Halschent vum Februar [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Dir hutt awer Intentiounen.

François Biltgen: Mir hunn Iddien. Un deenen Iddien ass awer nach ze schaffen.

A mir mussen elo e kloert Mandat kréie vun der Regierung fir ze soen, wat wëllt Dir mat de Leit alleguer diskutéieren.

Ech soen nach eng Kéier, et geet net drëm fir ze héieren et geet och drëm fir ze dialogéieren. Mir wëllen dofir an aller Transparenz alles op den Dësch leeën, wéi mir eis als Regierung – et ass elo net méi den Här Biltgen an d'Madame Modert – kéinten eng grouss Reform mat allem virstellen, an da musse mir jiddwereen eenzel gesinn, héieren, nolauschteren, äntwerten an dann ass et fir mech kloer, datt duerno den definitive Projet de loi, deen an d'Chamber geet, deen och do erëm eng Kéier frësch diskutéiert gëtt, aneschters ausgesäit.

Meng Leit wëssen a menge verschidde Ministèren, datt Mäerz-Abrëll ech ganz wéineg kann unhuele vun anere Rendez-vousen, well mir eis dann einfach sollen Zäit huelen. An dat geet net drëm elo eng Prëssessioun ze maache vun den Ënnerorganisatiounen. Et geet drëm fir dann ze kucke mat hinnen, wéi se sech an deem ganze Kader bewegen. Si se zefridden, si se net zefridden? Kënne mir nei Saache maachen? Transparenz an Dialog, esou wëlle mir weider goen.

Guy Kaiser: Ech hu verstanen Här Biltgen, et ass nach kee Projet do, et ass och nach keen Avant-projet do, mä et si ganz kloer Iddien do. An do ass ee vun de Knackpunkte fir d'CGFP d'Ufanksgehälter an eben och de Bewäertungssystem. Do sot den CGFP-Generalsekretär op eiser Antenn dat heiten.

Romain Wolff (O-Toun): Wann d'Ufanksgehälter beim Staat erofgesat ginn, dat ass jo eng Tatsaach, datt dës Fuerderung jo vu Patronatssäit kënnt, an alleng dat misst jiddwerengem ze denke ginn. Dat heescht, dat hei dat trëfft en fin de compte natierlech déi Jonk. Dat ass e bësse wéi beim bëllegen Akt, hei ass et alt nees esou. Mä et ass awer och esou, datt dat hei net nëmme Beamten an Employéeë beim Staat betrëfft, dat betrëfft d'Aarbechter beim Staat, d'Aarbechter op de Gemengen; dat betrëfft de Para-Staat, och Gemengen an CFL gehéieren do dozou. An et betrëfft all déi Leit déi am Secteur assimilé sinn, am Secteur conventionné an, wéi gesot, iergendwann betrëfft et jiddwereen.

Guy Kaiser: Da loosse mir emol beim Ufank ufänken, Här Minister, nämlech bei den Ufanksgehälter. Esouwäit ech informéiert sinn, fänkt jo kee méi beim Staat – oder bal kee méi, ech weess et net richteg – beim Ufank un. Direkt am Ufank géife Biennalen iwwerspronge ginn, dat gëtt emol sou verzielt. Stëmmt et och?

François Biltgen: Ma ech ginn Iech e Beispill fir einfach ze soe wéi et elo ass, an dann och ze soen iwwer wat mir diskutéiere wëllen a wat mir net wëllen diskutéieren.

Mir sinn net d'Patronat. Mir iwwerhuelen net d'Patronatsfuerderungen. Mir gesinn dat heiten als een Element vun Diskussioun fir och méi Opstiegsméiglechkeeten op där anerer Säit ze hunn. Et ass net nëmme fir ënnen eppes ze maachen, mir mussen och an der ganzer Carrière eppes maachen.

Ech ginn Iech ee Beispill. E jonken Ekonomist, en huet säi Master, kënnt heem op Lëtzebuerg an ëmfreet sech wat e wou ka verdéngen, da geet en de Bankekollektivvertrag kucken, un dee kënnt een erun. Da stellt e fest, e kann do an de Grupp 5 kommen an e fänkt do mat 3.800 Euro brutto un. Wann en dann de Staatsbarême kuckt, stellt e fest, am Grad 12, Echelon 1, deen Ënneschten, géif en ufänke mat 4.800 Euro. Do ass jo alt schonn en Ënnerscheed dobäi.

A Wierklechkeet kritt en der awer, obwuel en dann nach net fäerdege Staatsbeamten ass, obwuel en dann nach Stagiaire ass, 5.300 Euro.

Guy Kaiser: Also u sech 500 Euro méi wéi et [gëtt ënnerbrach]

François Biltgen: Wéi de Barême et ausseet.

Guy Kaiser: Wouhier kënnt dann dat doten?

François Biltgen: Dat kënnt aus der Vergaangenheet, mä loosst mech just soen, wat mir wëllen diskutéieren a wat mir net wëllen diskutéieren.

Mir wëllen 2 Froen diskutéieren.

Déi éischt ass déi, ass et da wierklech tabu, datt ee seet, et fänkt een ënnen un, wéi et virgesinn ass, amplaz datt een dat iwwerspréngt?

An déi zweet, dat ass déi allerwichtegst, ass et richteg, datt wann ee vun der Schoul kënnt, vill weess awer nach näischt als Staatsbeamte kann, datt een da schonn esou vill verdéngt wéi de vereedegte Staatsbeamten?

An dat ass och d'Fro no der Reform vum Stage. Elo ginn d'Leit am Stage, an den INAP, si gi vill benotzt fir ze schaffe – mir wëllen och e seriöse Stage maachen, mussen natierlech och do vu Bewäertung schwätzen. Mir wëllen och de Stage reforméieren. Dat ass een Element dovunner. Dofir kann een net nëmme vun Ufanksgehälter schwätzen, et muss een och vum Stage schwätzen. Ech hunn allerdéngs do festgestallt, datt den Här Wolff bereet ass, huet e bei Iech och nach eng Kéier bestätegt, mat eis driwwer ze diskutéieren.

Wouhier ass et komm? Dat ass aus der Geschicht esou komm. Do sinn 2 Elementer. Éischtens an den 1980er Joeren, ech ka mech erënneren, ech mengen do si mir allen zwee vun der Schoul Heem komm, do war eng aner Konkurrenz tëscht Banken a Staat. An déi Zäit huet de Staat eréischt ugefaange seng Gehälter méi an d'Lut ze setzen. Dat muss ee wëssen. Ech weess dat, mäi Papp war Schoulmeeschter. Fréier hunn d'Staatsbeamte ganz wéineg verdéngt. Et war net ëmmer sou wéi haut.

Guy Kaiser: Du koum awer d'Gehälterrevisioun vun 1963.

François Biltgen: Du koum d'Gehälterrevisioun, vun do un ass et an d'Lu gaangen, virun allem 1986 ass du villes geschitt.

Zweetens war et esou, datt mir bis 1999 deen esou genannte Perequatiounssystem haten. Dat heescht, wann de Beamten am Aktiven eppes bäigesat kritt huet uwen, Fin de carrière, dann hunn och d‘Pensionnäeren eppes bäigesat kritt.

Dat huet dunn d'Regierung an d'CGFP déi Zäit dozou bruecht fir ze soen, mir probéieren, wa mir wëllen eppes maachen, dat éischter ënnen ze maachen wéi uewen ze maachen, fir eben net dauernd nach Reperkussiounen an d'Pensiounen ze kréien. Dat war och déi Zäit richteg. Mä eppes wat déi Zäit richteg war, muss haut net méi onbedéngt richteg sinn. Dofir dierf een net dra schloen. Mä dofir muss een driwwer diskutéieren, wat dann haut ka richteg sinn.

Wat op alle Fall falsch ass, dat ass, datt mir wéilten dat maache wat d'Patronat gär hätt. D'Patronat ass eis hei egal, mir wiere frou, d'Patronat géif bei sech kucken, datt bei hinnen alles klappt. Mir maache keng [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Trotzdem, Dir hutt eng Étude comparative gemaach an do hutt Dir jo awer och Donnéeë gefrot vum Privatpatronat. 1.100 Säiten ass déi Etude déck. D‘Conclusioun dovun ass u sech net iwwerraschend: et gëtt e groussen Ënnerscheed tëscht deenen 2 Secteuren. An et ass och grad esou wéineg eng Iwwerraschung, datt d'Fonction publique nawell wäit vir ass.

Ass deen Ënnerscheed, deen Dir elo gesot hutt, dann alleng dorop zréck ze féieren, datt beim Staat den Ufank carrément iwwerspronge gëtt? Ass deen Ënnerscheed domat opgehuewen?

François Biltgen: Ech wëll nach eng Kéier soen, déi Gehälteretude war de Wonsch vun der CGFP an der virechter Regierung, déi huet nach eise Virgänger gemaach, den Här Wiseler, an do ass dat doten och gefrot ginn.

Ech wëll awer nach eng Kéier soen, et kann een net Äppel mat Bire vergläichen. Eat ganz kloer ass, do gëtt et näischt drun ze deuten: d‘Ufanksgehälter si beim Staat duerch d'Bank méi héich wéi beim Privatsecteur. Beim Privatsecteur ginn et dann erëm aner Opstiegsméiglechkeeten. Wat ee méi wäit an der Carrière kënnt, an dat mierke mir och wa mir wëlle Leit vu baussen hunn, oft fanne mir keng Leit déi vu baussen era kommen, well se dann net méi an eise Barême era passen. Och dorunner muss ee schaffen. Mä do ass et dann aneschters

Eist Zil ass et net, elo am Ëffentlechen dat ze maache wéi am Privaten. Dat geet net. Den ëffentleche Statut ass eppes aneschters wéi de privatrechtleche Kontrakt. Mir wëllen eppes maachen am Gehälterfichier beim Staat. Eist Zil ass net fir elo ze soen, du dierfs beim Staat net méi verdénge wéi am Privaten. Eist Zil ass fir ze soen, mir hunn elo e Gehälterfichier wou s de als Jonken, wou s de an der Ausbildung bass, schrecklech vill verdéngs an da kënns de och schrecklech séier weider. Op eemol bass de blockéiert. Du bass vläicht séier am Endgehalt, kënns ni an d'Endgehalt.

Mir wëllen alles auserneen zéien, dekompriméieren. Dat ass d'Zil, dofir ass déi Fro vun den Astiegsverdéngschter een Element ënner villen.

Guy Kaiser: Mä hunn ech Iech elo richteg verstanen, Här Minister? Dir wëllt u sech net d'Uganksgehälter kierzen, am eigentleche Sënn vum Wuert. Dir wëllt u sech elo dorop zréckkomme wéi d'Situatioun virun 20, 30 Joer war. Dat heescht, datt sech effektiv un den Ufank vun den Tabelle gehale gëtt.

François Biltgen: A mir wëllen iwwer de Stage schwätzen. Mir wëllen d’Fro stellen, bass de da scho wierklech an allem e Staatsbeamte wann s de vun der Schoul kënns an du hues däin éischten Exame gepackt? Mir wëllen aus deem Stage eppes maachen, wou mir zum Beispill en Tuteur hunn, deen een an de Service aféiert. Da muss de Stage méi laang daueren, da musse mir natierlech och méi rekrutéieren, well dann ass et net, datt de Stagiaire nëmmen da benotzt gëtt fir ze schaffen, et muss jo forméiert ginn. An da muss en och seriös bewäert ginn.

Guy Kaiser: Da kommen ech op dat Beispill zréck vun Ärem Ekonomist vu virdrun. Dat wieren da 500 Euro de Mount manner, wann Dir géingt erëme sou ufänke wéi virdrun. Wann ech dann elo séier héich rechnen, da wieren dat jo 6.500 Euro d'Joer, déi dee Mënsch géif manner verdéngen. A wann ech dann op 40 Joer kucken, obwuel mir sinn eis eens, haut schafft quasi kee méi 40 Joer, da wieren et 250.000-260.000 Euro.

François Biltgen: Dat Zweet ass doudéscher falsch, well et muss ee jo kucken, wéi en och ka seng Carrière maachen. Et muss een also och kucken wéi kann een an der Carrière weider goen. Mir stelle fest [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Ech hunn deen dote Chiffer gesot, well ech weess vun der CGFP, datt se mat esou Argumentatioune kënnt.

François Biltgen: Bis elo hu mir jo nach iwwerhaapt keng Propose gemaach. Mir hu just déi doten 2 Froe gestallt. Mir hunn déi doten 2 Froen op den Dësch geluecht a mir hunn nach keng Äntwert ginn. Dofir soen ech och, ass et verfréit fir elo ze soen, si wëllen dat doten elo maachen. Ech hunn dat heiten als Beispill gi fir 2 Froen opzewäerfen. An iwwer déi Froe muss een da kënnen diskutéieren.

Guy Kaiser: Si mir eis dann och eens, datt, wann Ufanksgehälter géingen erofgesat ginn, datt dat net zugläich bedeit, datt d'Endgehalt och géing erofgesat ginn.

François Biltgen: D'Endgehalt gëtt sécher net erofgesat, an ech soen nach eng Kéier, mir stelle fest, datt een haut an de Carrièren ëmmer erëm Pyramiden huet, an do geet et haut no der Anciennetéit. Mir sinn ëmmer Leit begéint déi extrem gutt waren, awer déi net konnte bis an d'Endgehalt kommen, well dat blockéiert ass. Well do Prozentsätz uewe fixéiert ginn.

Mir wëllen déi Prozentsätz ewech hunn. Mir wëllen en Niveau général maachen, do geet et no der Anciennetéit, ganz kloer, d'Anciennetéit wëlle mir net iwwer Bord geheien. Doduerch, datt ee schafft, kritt ee jo och Experienz. Et ass also net, datt d'Anciennetéit u sech eppes Schlechtes wier, au contraire. Mä mir wëllen da soen, wat s de méi uewen erop kënns, fuere mir net méi no Prozentsätz, wou dann d'Anciennetéit alleng ausschlaggebend ass, mä da musse mir kucken, datt Leeschtung a Verantwortung sech loune fir do erop ze kommen.

Guy Kaiser: Da maache mir e grousse Spronk, nämlech op de Leeschtungsprinzip. Ech hunn d'Prinzipien dovu gelies. Et ass u sech, kéint ee soen e Copy-Paste vu Systemer wéi et se scho laang am Privatsecteur gëtt, elo net am Detail gekuckt.

Engersäits also gëtt et wuel nach d'Anciennetéit, dat heescht, wat ee méi laang schafft, wat ee besser verdéngt. Mä dat soll jo net méi alleng de Facteur sinn. Den Ugestallte kritt Objektiver gesat an no engem Joer gëtt gekuckt, a wéi fern dës Objektiver och tatsächlech erreecht goufen. Dat ass dann de Bewäertungssystem. Leeschtung a Bewäertung hänken also enk zesummen. Ma domat huet de Romain Wolff vun der CGFP seng Problemer.

Romain Wolff (O-Toun): Mir sinn awer géint de subjektive Bewäertungssystem, esou wéi en am Moment virläit. Déi ganz Reform, esouwäit wéi mir dat elo kennen, do geet d‘Transparenz verluer. Dat gesäit een zum Beispill ganz gutt um Examen concours. Do soll de Classement en rang utile ofgeschaf ginn. Dat heescht, wann een haut éischten ass, dann ass d'Chance gutt, datt ee wierklech eng Plaz kritt. An Zukunft weess kee Mënsch méi wou e sech klasséiert huet. Da gëtt iergend een do eraus geholl, an et géif mech net wonneren, wann dat dann net deen ass, deen déi bescht Viraussetzungen huet vun der Aarbecht hier, mä datt dat dann eventuell deen ass, deen déi richteg Parteikaart huet.

Guy Kaiser: Zollitt Virwërf, ma si se komplett vun der Hand ze weisen?

François Biltgen: Ech huele just dat vum Astellen, duerno wollt ech erëm op d'Leeschtung zréck kommen.

Datt de Rang utile nëmmen een Element ass, dat hu mir elo bei der Carrière supérieure. Dat ass also näischt Neits, an ech mengen net, datt bei der Carrière supérieure just no der Parteikaart gekuckt gëtt.

Mir wëllen awer eppes aneschters maachen. Mir wëllen e Concours général maache fir an d'Fonction publique ze kommen. An da Concours spécifiquen an den eenzelne Verwaltungen.

Ech hunn dat deemools gutt gesinn als Aarbechtsminister bei der ADEM. Da konnt de Redakter-Kandidat sech d'Verwaltung eraus sichen. Et ass net jiddweree gemaach fir Placeur an enger ADEM ze sinn; et ass och net jiddweree gemaach fir Steierbeamten ze ginn. Och do wëlle mir net déi Geforen erop beschwieren déi den Här Wolff gesäit.

An dofir wollt ech op de Prinzip zréck kommen. Mir hunn Iddien iwwer e Leeschtungsprinzip, fir ebe just ze verhënneren - an do si mir mam Här Wolff eens, datt een dat muss verhënneren – datt et herno Paltongszéierei a Politfavoritismus gëtt.

Et ginn zwou Froen déi musse mir eis stellen.

Déi éischt Fro ass, bleiwe mir beim Statut mat der Aarbechtsplazgarantie? Ech mengen, do soen all Parteien zu Lëtzebuerg, Jo, mir wëlle kee gesamten Eenheetsstatut. Mir wëllen de Statut mat der Aarbechtsplazgarantie, net fir den eenzelne Beamten a Watt anzepaken, mä fir Continuitéit an Neutralitéit vun der Fonction publique bäizebehalen.

Dat Zweet ass, bleiwe mir awer beim Prinzip, datt alles just no der Anciennetéit geet? Dee Prinzip ass objektiv, mä wëlle mir dobäi bleiwen? D'CGFP schreift an engem Communiqué, ännert dach näischt, 65% vun de Leit si laut engem EU-Sondage zefridden. An dat wonnert mech guer net. Eis Fonction publique ass gutt.

Mä 65%, dat wieren an der Schoul 39 Punkte vu 60. Ech ka mir dach net virstellen, datt den CGFP-President, den Här Haag, senge Schüler gesot huet, 39, schaff net méi un der. Ech mengen, en huet just de Contraire gesot.

Mir wëllen net eppes zerschloe wat mir hunn. Mir wëlle keen Nivellement vers le bas. Mir wëllen eis op 50 hibewegen. An ech mengen, da sti mir gutt do.

An dat gëtt gedeelt vun anere Leit. Den Här Bausch huet an der Chamber genee dat och gesot.

An da komme mir op de Bewäertungssystem. De Prinzip ass folgenden. Den Här Bausch seet, mir si grondsätzlech der Meenung, datt de Statut vun der Fonction publique sécherlech e wichtegt Element ass fir de Beamten ze schütze viru politescher Willkür. Mä de Statut dierf net dofir do sinn, datt d'Fonction publique sech selwer blockéiert. En dierf net dofir do sinn, datt bei der Fonction publique Leit kënne schaffen déi de Statut ausnotzen, well se eng Garantie d'emploi hunn iwwer hiert ganzt Liewe laang eraus, an eben net wëllen d'Fonction publique esou fonctionnéiere loosse wéi se eiser Meenung no misst fonctionnéieren, nämlech en Déngschtleeschter fir d'Gesellschaft, seet de Fraktiounschef vun de Gréngen.

De Fraktiounschef vun der LSAP, de Lucien Lux, seet dat nach e bësselche méi lapidar op Ärer Antenn den 11. Januar.

Dofir hu mir gesot Leeschtung soll sech lounen an op där anerer Säit sollen och déi déi incapabel sinn, oder déi déi sech wierklech foutéieren och géint déi soll ee wierksam kënne virgoen.

An da stellt sech d'Fro, wie moosst. Wa mir soen, Leeschtung a Responsabilitéit spillen eng Roll niewent der Anciennetéit. D'Anciennetéit soll net ofgeschaf ginn, ni.

Guy Kaiser: Wéi ass et mam Virworf vum Här Wolff, datt doduerch de politesche Favoritismus géif méi grouss ginn?

François Biltgen: Dat ass eben déi Fro déi mir musse beäntwerten. Wann ee Leeschtung a Verantwortung wëll bemoossen, da muss ee se esou bemoossen, datt effektiv net politesche Favoritismus era kënnt, an datt net Paltongszéierei era kënnt.

Guy Kaiser: Elo wëll ech bei Iech Conseiller ginn.

François Biltgen: Ma dat misst ech mir ganz seriös iwwerleeën.

Guy Kaiser: Mä wier et dann do auszeschléissen, datt Dir géingt no enger CSV-Kaart kucken?

François Biltgen: Do misst Dir emol fir d'éischt de Staatsexamen gemaach hunn.

Guy Kaiser: Dovunner ofgesinn.

François Biltgen: An da misst gekuckt ginn, Dir gitt jo net Conseiller vum Minister. Dir gitt Conseiller an engem Ministère. Ech muss soen, datt ech an all menge Ministèren et ëmmer esou gemaach hunn, datt all Recrutement duerch déi Leit déi zoustänneg si fir d'Verwaltung gemaach ginn ass, an datt déi mir Leit virgeschloen hunn. Ech hunn ni een no enger Parteikaart gefrot, an ech wäert dat och an Zukunft net maachen, well domat kann een och bäilafen.

Guy Kaiser: Ech wollt et net un Iech perséinlech adresséieren, mä ganz allgemeng.

François Biltgen: Ech wollt just soen, do sinn ech mam Här Wolff eens, datt een dat muss verhënneren, Parteifavoritismus.

D'Continuitéit vun de Ministèren ass wichteg. Dat heescht, wann elo ee géif agestallt ginn, nëmme well e mir gefält, deen ass awer nach do wann ech fort sinn. Ëmsou méi sinn ech mam Här Wolff prinzipiell eens, datt ee muss eppes maachen, datt dat doten net kënnt. Dofir hu mir jo versicht, e Bewäertungssystem der CGFP op den Dësch ze leeën. Dat ass net der Weisheit letzter Schluss. Mir hunn e System, wou et net nëmme vun uewen no ënne geet, mä vun ënnen no uewen. Dee soll iwwerhaapt net era kommen, de Minister. Wou uewen, op nationalem Niveau, eng paritéitesch Kommissioun, dat heescht, hallef Gewerkschaft an hallef Verwaltung, wier, mat engem haaptamtleche Mediateur aus der Fonction publique, deen soll feststellen, datt et net Paltongszéierei a Politfavoritismus ass.

Guy Kaiser: Et ass de Chef d'administration, dee jo d'Objektiver soll festsetzen, deen herno och mat dobäi ass an der Evaluatioun. Och d'Chefs d'administration kënnen eng Parteikaart hunn, also ganz auszeschléissen ass dat doten net.

François Biltgen: Et ass ni eppes auszeschléissen, mä et ginn awer vill Regele fir et auszeschléissen.

D‘Reproche, datt dat heite géif Politfavoritismus a Paltongszéierei favoriséieren, do sinn ech dogéint. Datt se komplizéiert an opwendeg ass, dat huelen ech als Reproche gär mat un. An dofir war dat heiten e System dee mir versicht hunn der CGFP als Äntwert ze ginn, just op hir berechtegt Ängscht vun Favoritismus.

Mä mir sinn op fir all aner Alternativ. Wichteg ass, an dofir hunn ech esouwuel Déi Gréng zitéiert wéi d'LSAP, hei ass net den Här Biltgen an d'Madame Modert an d'CSV an den Här Juncker, hei ass e breede politesche Konsens, datt d'Anciennetéit alleng net méi kann duergoen; datt mir Leeschtung a Verantwortung solle mat eran huelen. An da musse mir kucken, datt mir déi Bewäertung esou maachen, datt mir effektiv dat aussschléisse wat d'CGFP zu Recht fäert. An dofir mengen ech. misst ee kënne weider diskutéieren.

Mir wëllen net hei soen, eise System ass dat Bescht. Bréngt eis Alternativen déi dat selwecht Resultat hunn. Éischtens Leeschtung a Responsabilitéit unerkennen, zweetens Favoritismus ausschléissen.

Guy Kaiser: Nach ganz kuerz, ier mir an d'Paus ginn, Här Minister. Dir hutt gesot, mir musse weider diskutéieren. Ass dat dann iwwerhaapt nach méiglech, d'CGFP seet mat eis net?

François Biltgen: Et muss een ëmmer iwwer säi Schied sprangen.

Mir wëllen net mam Kapp duerch d'Mauer, mir wiere just frou wann op där anerer Säit keng Mauer géif stoen. Ech benotzen elo Är Antenn fir en Appel ze maachen un den Här Haag, dee bestëmmt nolauschtert. Et ass e bësse spontan, mä wann d'Fronte verhäert sinn, muss ee spontan sinn.

Den nächste Méinden huet d'CGFP eng Conférence des comités organiséiert, mä dat awer elo, wann ech dat gutt verstanen hunn, eng Protestmanifestatioun ass. Dofir weess ech net, ob elo déi Offer déi ech hei maachen am Numm vun der Madame Modert, déi ech awer de Moien gefrot hunn ob si d'accord wier, ob dat geet oder net. Mä ech wëll se op d‘mannst gemaach hunn. Et ass einfach ze gesinn, datt een ëmmer erëm kann an d'Gespréich kommen wann een nëmme wëll.

Mir wiere bereet, d'Madame Modert an ech, bei d'CGFP ze goen, bei d'Conférence des comités, do ass jo déi ganz Basis do. Ënner der eenzeger Viraussetzung, wou ech awer net weess, ob dat elo nach machbar ass, fir aus enger Protestmanifestatioun en Diskussiounsowend maachen, wou mir 2 emol géifen eis Iddië virstellen ier mir mat eise Kollegen an der Regierung diskutéieren.

An och d'CGFP-Basis héieren. Déi huet eis jo bis elo nach ni live héieren, mir hu se och net live héieren, dat ass vläicht e Problem.

Wéi gesot, et ass eng Offer. Wann et geet, komme mir gär, wann et net geet, da musse mir zu Kenntnis huelen, datt et vläicht e bësselche spéit war. Mä ech mengen, mir sollen awer an den nächste Wochen a Méint net einfach weiderfueren ze mengen, datt deen ee wéilt mam Kapp duerch d'Mauer goen, dat wëlle mir net, an deen anere sech just wéi eng Mauer dohinner stellt. Ech mengen, mir sollen dann och kucken an den nächste Wochen a Méint a flotten, gudden, konstruktiven Dialog mat jiddwerengem ze kommen.

Guy Kaiser: Ech hunn deen doten Appell héieren. Dir hutt en op eiser Antenn gemaach an eis Antenn wäert dann och esou séier wéi méiglech probéieren dorop en Echo ze kréien.

[Noriichteniwwerbléck vum Frank Kuffer]

Guy Kaiser: De François Biltgen ass an enger duebeler Fonctioun bei eis den Invité. Als Minister vun der Fonction publique, dat hu mir déi lescht 30 Minutten héieren, an als Minister vun der Justiz. Mir kucken och dësen zweete Volet wéinstens kuerz ze sträifen.

Dir hutt virun der Paus den Appell gemaach, e Méindeg zesumme mat der Ministesch Octavie Modert kënnen op der Sitzung vun der CGFP dobäi ze sinn. A mir krute gesot, de Romain Wolff géif nach am Laf vun dëser Emissioun dorop reagéieren. Mir schwätzen also nach weider e bësselchen iwwert d'Fonction publique ier mir da bei d'Justiz eriwwer kommen.

François Biltgen: Nach eng Kéier, d'Offer ass, keng Protestmanifestatioun mä Diskussioun. Mir schwätzen, si héieren, déi aner schwätzen, mir héieren.

Guy Kaiser: Héiert sech gutt un. Wat d'Carrièrë beim Staat betrëfft: den Ament schwätze mir jo vu Carrière ouverte an och vu Carrière fermée. Dat soll spéider heeschen „Niveau général“ an „Niveau supérieur“. D'Terminologie ass mir perséinlech egal, mech interesséiert do den Detail. Aus dem Niveau général an dem Niveau supérieur kann een ëmmer nach klammen, ma eréischt fréistens, wann ech et richteg gelies hunn an Ärem Pabeier, no 12 Joer. Firwat?

François Biltgen: Just ee Wuert. D'Carrière ouverte ass eppes aneschters, Dir hutt hei de falschen Terme gebraucht. D'Carrière ouverte ass wann ee vun enger an déi aner eriwwer geet.

Elo ass et esou, datt een e Cadre ouvert huet an e Cadre fermé. An de Cadre fermé gëtt nach a Prozentsätz gefuer.

Mir wëlle soen, mir hunn en Niveau général, do geet et mat der Anciennetéit, iwwregens 12 Joer ass awer haut oft ganz de Fall. Bei deenen Enge geet et méi séier a bei deenen Anere manner séier. Do wëlle mir soen, 12 Joer bleifs de am Niveau général.

Niveau supérieur, do wëlle mir net méi soen, et sinn esou vill Prozent, well do ginn et Verwaltungen, do komme verschidde Leit ni an hiert Endgehalt. Do ginn et Substitutiounsgradë wéinst der Responsabilitéit. Déi kritt een awer eréischt wann een um Endgehalt ass. Do si ganz vill Beamten, déi kommen haut net weider. Do wëlle mir soen, mir maachen dat méi op, et kënne méi Leit era kommen.

Do kënnt natierlech d'Fro, do kann d'Anciennetéit net méi alleng ausschlaggebend sinn. Do muss d'Formatioun méi eng grouss Roll spillen, an natierlech erëm eng Kéier eng gewësse Bewäertung, an nach eng Kéier, bewäerte muss een ëmmer, et muss een et just ordentlech maachen. Iwwer Bewäertungssystemer léisst sech diskutéieren, mir wäerten och ëmmer bereet sinn ze diskutéieren. De beschtméigleche System ass fir eis de Beschten.

Guy Kaiser: An deem Ganzen, wat jo bis ewell kee Projet ass, mä just Iddien, leed Dir an Ärem Papier vill Wäert op d'Formatioun, de Life long learning. Fänkt déi Formatioun direkt am Ufank vun der Carrière un a kann déi Formatioun während den Aarbechtsstonne gemaach ginn?

François Biltgen: Mir gesinn zum Beispill och eppes Neits vir, nämlech datt ee ka bis zu 20% vu senger Aarbechtszäit fräi gestallt ginn fir op d'Schoul zréck ze goen. Et kënnt ee vun der Première, an dann ass een an der Carrière Moyenne. D'Carrière ouverte kann ee maachen an d'Carrière supérieure. Mä mir sinn der Meenung, et muss een och kënnen iwwer aner Weeër erop kommen. Et muss een zum Beispill kënnen en Diplom nomaachen. Do gëtt een da fräigestallt.

Och do ass natierlech erëm d'Fro, wien décidéiert? Do wëlle mir awer och evitéieren, datt den Direkter seet, deen dee vill schafft, dee wëll ech iwwerhaapt net fortgoe loossen, well da kritt ee jo volle Lounausgläich fir déi 20% wou ee fräi gestallt gëtt. Dat ass eng vun den Iddien déi mir op den Dësch geluecht hunn. Mir wëllen evitéieren, datt en Direkter seet, déi gutt bleiwen an déi mat deenen ech manner zefridde sinn, déi dierfen dann an d'Schoul goen. Sou kann et och net sinn.

Et muss een also dat ëmmer erëm an e Gesamtkader erastellen.

Dofir soen ech ëmmer erëm, et geet elo net drëm fir Ufanksgehälter, Bewäertungssystem, déi eng Carrière, déi aner Carrière, Bachelor ze diskutéieren, et muss herno e Gesamtgerüst gi vun eisem Staat, dee modern ass, deen efficace ass, deen dem Bierger do bausse méi bréngt an deen dem Eenzelne méi bréngt.

A wat och ass, wat een ni dierf vergiessen: wa Saache fir d'Zukunft aneschters sinn, da si se vläicht par rapport zu haut vläicht net esou gutt wéi haut. Et sinn awer och anerer déi vill besser sinn. Een deen haut do ass, verléiert awer och näischt mat deem wat mir wëlle maachen. Et ass net wéi am Ausland, wou oft a Kriseperioden just d'Staatsbeamten eppes ewech geholl kréien. Mir wëllen hei näischt maache wat mat Kris ze dinn huet. Mir wëllen eppes maache wat fir d'Zukunft do steet. A wa mir dat hunn, dann hu mir villes gemaach.

Guy Kaiser: En attendant, datt de Generalsekretär vun der CGFP bei eis reagéiert op dat wat Dir virdru gesot hutt – mir loossen dem Här Wolff natierlech e bësselche Bedenkzäit, well [gëtt ënnerbrach]

François Biltgen: Et war e bëssen iwwerraschend komm.

Guy Kaiser: Dir hutt e kal erwëscht, jo.

François Biltgen: Dat wëll ech net mengen. Ech mengen net, datt een den Här Wolff kal erwëscht hätt.

Guy Kaiser: Mä et war awer eng Iwwerraschung.

Wat dann de Volet Justiz betrëfft, fir déi awer kuerz ze sträifen. Do wier emol d'Prisongsreform. Wéi Dir fir d'lescht bei eis waart, hutt Dir schonn emol vun esou enger Reform geschwat. Geschitt ass awer net schrecklech vill. 645 Persounen sinn den Ablack zu Schraasseg ënnerbruecht.

François Biltgen: Neen, gëschter 584. An et sinn der nach ze vill.

Guy Kaiser: Ech hat elo d'Statistiken aus Ärem Ministère gekuckt.

François Biltgen: Wéi mir d'Reform proposéiert hunn, waren et der méi. Et sinn der elo manner. Et bleift awer, datt et der nach ëmmer ze vill sinn.

D'Halschent si Verurteelter, déi aner Halschent si Leit déi an Untersuchungshaft sinn an et sinn der, mengen ech, nach 9 Mineuren dobäi a 14 Leit en rétention. Dat sinn der nach ze vill.

Mir brauchen dofir den neie Prisong fir d’Untersuchungshäftlingen. Mä mir schaffen awer. Mir hu ganz vill fläisseg Beamte bei dësem Staat, an déi schaffen d'arrache pied op där Reform, wou mir nach am Joer 2011 wëllen de Gesetzprojet plus d‘Reglementer virleeën.

Zur Zäit leeft am Prisong mat de Gardienë vum Prisong eng Formatioun bis Enn Februar, fir datt mir aus dem Gardien – an dat maache mir elo schonn ier mir dat neit Gesetz hunn, en Agent pénitentiaire ze maachen. Et ass déi éischt Bezugspersoun, de Gardien, vum Prisonnéier. Ech stelle fest, datt eist Personal am Prisong ganz begeeschtert ass fir matzemaachen.

An där Formatioun hu mir fir d'éischt eppes gemaach wat soss net do war. Mir hunn an där Formatioun e Modul ugebueden: Mënscherechter. Dat ass jo eng Diskussioun déi vill op der Place publique gefouert gëtt. Vum Ombudsmann, vun de Mënscherechtskommissiounen, vu villen Anere fir ze soen, wou bleiwen d'Mënscherechter am Prisong? Mir féieren elo an där heiter neier Formatioun e Mënscherechtsmodul an, fir ze kucken an allen Detailer weider ze kommen.

Dofir, Reforme brauchen och Zäit, fir datt se spruchreif ginn. Mir hu jo och gesot, datt mir eppes wiesentleches maache wat de Mënscherechtsgeriichtshaff verlaangt, nämlech datt et net méi den Délégué du gouvernement ass, deen zoustänneg ass, ob ee fréizäiteg eraus kënnt oder net. Do wëlle mir och Riichter dra setzen. Et gëtt eng grouss Reform a mir wäerten déi nach am Joer 2011 an allen Detailer op den Dësch leeën.

Guy Kaiser: Vill Zäit bleift eis net méi. Ass eis Legislatioun nach zäitgeméiss, respektiv kohärent? Ech denken zum Beispill drun, fir Brandstëftung geet een den Ablack fir de Rescht vu sengem Liewen an de Prisong. Zugläich heescht et, datt Strofen wéinst Fraudes fiscales oder Bedruch disproportional kleng wieren. Wéi gesäit et aus mat enger genereller Revisioun vun eise Gesetzer, oder och méi speziell vum Code pénal?

François Biltgen: Wéi den neie Procureur général, de Robert Biever, ugetrueden ass, hu mir eis e gemeinsame Fahrplan ginn.

Een ass deen, den Droit pénal ëmzekucken. Well den Droit pénal muss strikt bleiwen an et muss een och kucken, datt, wann een zum Beispill an de Prisong kënnt, datt een och dohinner gehéiert. A mir stelle fest, bei de wirtschaftlechen Delikter – mir hunn elo am Antiblanchiementsgesetz dat wiesentlech verbessert – et oft esou war, wann ee vill Sue verontreit, da kann een heiansdo manner staark bestrooft gi wéi deemno wat een am Verkéier mécht, wat een an der Ëmwelt mécht, an esou weider. Et muss een also kucken erëm eng gewëssen Hierarchie eranzebréngen.

Dat huet manner eppes mam Code pénal ze dinn. Dat huet vill ze di mat sektoriellem Droit spécial. All Gesetz huet säin eegenen Droit spécial, an do ass keng richteg Uerdnung méi dran. A wa mir gär hätten, datt Parqueten a Geriichter och gutt schaffen, da musse mir och effektiv den Droit pénal entstëpsen an deem Droit pénal déi Missioun ginn déi en huet.

Guy Kaiser: Villäicht nach ee Wuert zum Conseil national de la justice.

François Biltgen: Dat steet an eisem Regierungsprogramm. Ech war an der zoustänneger Verfassungskommissioun, wou ech den deputéierte Kollege virgeschloen hunn, datt mir sollen an d'Verfassung eis eng Base légale ginn, fir e Conseil national de la justice deen 2 Aufgaben hätt.

Déi éischt ass déi, emol d'Indépendance vun der Geriichtsbarkeet ze waren. Do musse mir och kucken, datt de Minister ganz eraus kënnt. De Minister ass zum Deel nach dran. Mä da musse mir awer kucken, datt d'Geriichtsbarkeet selwer suergt fir de Recrutement, fir den Avancement, och do fir ze kucken, datt déi gutt weider kommen, och do en Disziplinarwiese maachen, mir hu kee richtegt Disziplinargesetz wat modern wier.

An op där anerer Säit muss de Conseil national de la justice och do si fir d'Justiz no baussen ze representéieren, awer och vu baussen evaluéiert ze ginn, vu bausse gekuckt ze ginn. Dat sinn déi zwou Iddien.

Natierlech frot Dir mech elo, wéi setzt Dir dat zesummen? Dat sinn Diskussiounen déi maache mir. Mir wëllen och do deemnächst nach, also virun der Summervakanz, mat de Kollegen Deputéierte kucke wéi esou eppes kéint ausgesinn. An da muss ech selbstverständlech och virun allem mat der Justiz, mä och mat allen anere Betraffenen diskutéieren. Et mussen och Leit vu baussen, déi natierlech kompetent sinn, kënnen an esou e Conseil national de la justice era kommen, ouni awer datt d'Indépendance vun der Magistratur a Fro gestallt ass.

Guy Kaiser: An elo grad kréien ech gewise vun der Technik, datt den Här Wolff bei eis reagéiert huet. De Kolleg François Benoy huet en iwwer Telefon erreecht. Aa lauschtere mir eis emol seng Reaktioun op dat wat Dir virun enger halwer Stonn gesot hutt.

Romain Wolff (O-Toun): Mir hunn dat verfollegt wat de Minister Biltgen gesot huet. Ech muss Iech awer soen, ech hunn awer absolut näischt Neits héieren. Hei gëtt ëmmer nach vun Ufanksgehälter geschwat, hei gëtt vu Bewäertungssystem geschwat. An déi Veranstaltung, déi Protestveranstaltung vun e Méindeg, dat ass selbstverständlech eng intern Protestveranstaltung vun der CGFP a mir wäerten dat zesumme mat eise Leit maachen.

Mir waarden iwwregens drop, datt mir och endlech eppes héieren, mir hunn nämlech eise Revendikatiounskatalog era gi fir en Accord salarial. Mir hunn emol keen Accusé de réception do kritt. Och do waarde mir drop, datt eppes geschitt. Also keen neie Moment an dofir kënne mir déi dote Proposen esou net akzeptéieren.

Guy Kaiser: Dat also d'Reaktioun vum Generalsekretär. Wat sot Dir, Här Minister?

François Biltgen: Ech mengen, dat hunn ech esou einfach ze akzeptéieren. Ech soen nach eng Kéier, et muss een ëmmer zu 2 si fir an en Dialog ze kommen. Mir wäerten dat och weider wëlle maachen.

Wat d'Gehälterverhandlung, wat parallel zur Gehälterreform ass, ugeet soen ech dann, da ginn ech dann hei mëndlech den Accusé de réception. Ech hunn et, d'Madame Modert huet et och. Mir wäerten eis och zesumme setzen, d'Octavie Modert an ech, fir ze kucke wéi mir elo weider ginn. Selbstverständlech, an och dat wäert eng Méiglechkeet sinn an en Dialog ze kommen, mat deem klenge Kreess vun der CGFP wäerte mir e Rendez-vous fixéieren an den nächsten Deeg. Mir bleiwen och nach ëmmer op fir mat vill méi Leit ze diskutéieren, wéi just mat der klenger Spëtzt.

Guy Kaiser: Den Här Wolff huet sech elo verbattert unhéieren, iergendwéi. Gesitt Dir dann do Méiglechkeeten, nach an den Dialog ze kommen?

François Biltgen: Ech hat 2 Mol gesondheetlech Problemer. An déi 2 Mol hunn ech mir och d'Fro gestallt, trëtts de iwwerhaapt erëm un oder trëtts de net un. A wann ech untrieden, dann ass et net fir mech auslafen ze loossen, dann ass et fir wierklech Reformen ze maachen. Da wëll ech déi Reforme maache wéi och an der Vergaangenheet, mat villen anere Kollegen, ech denken un den Eenheetsstatut deen ech mam Mars Di Bartolomeo gemaach hunn, nämlech ze kucken, esou wäit wéi méiglech an e Konsens ze kommen. En totale Konsens kann een ni kréien. An d'Hoffnung, soen ech dann och als Chrëscht, soll een ni opginn.

Guy Kaiser: An domat ass eis Zäit eriwwer. François Biltgen, merci Datt Dir bei eis waart. Iergend eppes seet mir, datt mir an den nächste Wochen a Méint Ären Numm méi dacks wäerten an der Aktualitéit erëmfannen. Mir waarden et of. All Guddes, politesch an och gesondheetlech. Merci.

François Biltgen: Merci och a bis d'nächste Kéier.

Dernière mise à jour